Menger Meenung no en interessant Dokument, fir sech engersäits mol bewosst ze gin, dat d Kiepersproch, an d allgemengt Optrieden firun der Klass, an den Emgang mat der "Distanz zur Schülerpersönlichkeit" en wichtegen Punkt as, deen oft ennerschätzt get.
Op der aanerer Säit illustréiert den Text och ganz typesch Szeenen, an deenen ech mech selwer mol remfont hun. Mee menger Meenung no as et schwéier un sou Sachen ze schaffen, well se oft ganz onbewosst geschéien. Allerdengs as den Text en gudden Denkustouss.
An mengen Aan eng ganz intressant Approche fir mat dem dach relativ zentralen Thema fun der Gewalt innerhalb der Schoul emzegoen. Den Site beschreiwt en Konzept dat sech "Peermediatioun" nennt, an wat och well an puer Schoulen hei am Land ugewandt get, an der Hoffnung d Gewaltopkommen duerch eng Ännerung fun der Astellung (a long terme) fun de Kanner, a net duerch d'Opstellen fun Regelen an Sanktiounen, ze miniméiren.